Stater GareE Grupp Männer huet a Geschäft randaléiert an e Sécherheetsbeamten ugegraff

RTL Lëtzebuerg
Kuerz viru 7 Auer goufen der Police an engem Supermarché op der Place de la Gare e puer Männer gemellt, déi duerch hiert negatiivt Verhalen opgefall sinn.

Wéi si opgefuerdert goufen, de Buttek ze verloossen, sinn zwee vun hinne besonnesch opfälleg an aggressiv ginn. Ee vun de Männer, dee kee Mond- an Nueseschutz unhat, huet op e Sécherheetsbeamten ageschloen. Déi zwee Männer hu sech doropshin a Richtung Gare/Bouneweg aus dem Stëbs gemaach.

Ee vun hinne konnt ermëttelt ginn. Wéi sech erausgestallt huet, hat hie keng Openthaltsgeneemegung fir Lëtzebuerg. Déi zoustänneg Autoritéite goufen doriwwer informéiert an de Virfall protokolléiert. Deem zweeten ass d’Flucht iwwert d’Gleiser an Direktioun Houwald gelongen.

Zeienopruff no Accident an der Stad

E Freiden den 11. Februar koum et tëscht der Avenue Marie-Thérèse an dem Boulevard Jospeh II zu engem Accident. Géint 12.15 Auer gouf ee Mann op engem E-Trottinette vun engem wäisse Kombi-Won ugestouss. De Mann ass gefall a gouf blesséiert. Den Autoschauffer ass kuerz stoe bliwwen, ass dunn allerdéngs direkt mat enger héijer Vitess weider a Richtung Boulevard Joseph II gefuer. D’Police sich an deem Kader elo no Zeien, déi den Accident gesinn hunn. Si solle sech beim Policebüro Ville-Haute ënnert der Nummer (+352) 244 21 1000 oder per Mail bei Police.VILLEHAUTE@police.etat.lu mellen.

Chauffeur kritt wéinst Alkohol de Permis ofgeholl

Géint 15.30 Auer ass enger Patrull zu Stengefort een Auto opgefall, un deem technesch Problemer ze gesi waren. Bei enger Kontroll hunn d’Poliziste festgestallt, datt de Chauffeur ënnert dem Afloss vun Alkohol stoung. En Test op d’Substanz ass positiv ausgefall, dem Chauffeur säi Fürerschäi gouf agezunn. Well den Auto zudeem och net ugemellt war, gouf en immobiliséiert.

Back to Top
CIM LOGO