Stad a BeetebuergE puer Leit kruten hir Handye geklaut

RTL Lëtzebuerg
Wéi d'Police mellt, koum et zanter e Freideg zu e puer Déifställ. All kéiers waren d'Handyen am Viséier vun den Onéierlechen.
© RTL Archivbild

Géint 3.40 Auer an der Nuecht op e Samschdeg krut e Foussgänger an der Stater Avenue de la Liberté, ouni et ze mierken, den Handy geklaut. Hie war mat enger anerer Persoun do ënnerwee, wéi si vun engem Onbekannten ugeschwat goufen, dee si provozéiere wollt. Wéi d’Affer probéiert huet, d’Situatioun ze berouegen, huet hie gemierkt, dass den Handy an der Jackettentäsch fort war.

Och aner Persoune kruten hir Handye geklaut. Dat e Freideg den Owend géint 19.40 Auer an der Avenue de la Gare an der Stad a géint 21 Auer an engem Bus zu Beetebuerg. All kéiers sinn d’Apparater onbemierkt aus der Jackettentäsch verschwonnen.

D’Police ermëttelt a mécht op hirem Site nach emol drop opmierksam, wéi een esou Virfäll vermeide kann.

Back to Top
CIM LOGO