
Leschten Donneschdeg huet d’Police zwou grouss Kontrollen am Stroossentrafic gemaach, dat eemol zu Diddeleng an eemol zu Péiteng. Hei gouf virun allem d’Siicht vun de Chauffeure beim Fueren, d’Beliichtung, d’Pneuen an den techneschen Zoustand vum Auto kontrolléiert.
16 Chauffeure goufen awer och erwëscht déi mam Handy um Ouer ënnerwee waren, dat kascht bekannterweis mëttlerweil 250 Euro a 4 Punkten. Siwe Chauffeuren hate kee valabele Permis derbäi a bei dräi Autoe war de Contrôle technique ofgelaf.
Et goufen och fënnef Automobilisten ugehale well se ze séier ënnerwee waren, 15 Chauffeure kruten e Protokoll, well se aneren Automobiliste mat de Phare geblennt hunn.