
Ronn 200 Meter virun der Sortie Léiweng war den Accident geschitt. De Chauffer vum Camion huet gemierkt, dass wuel eppes net géif stëmmen, wéi den Automobilist him hannendrop gefuer ass. Hien huet lues d'Vitess reduzéiert a konnt esou den Auto un d'Hale kréien. De Chauffer vum Auto war vu sech.
Douanieren déi net wäit ewech am Asaz waren, sinn zur Hëllef komm an hunn d'Rettungsdéngschter alarméiert. De Chauffer vum Auto gouf direkt an d'Spidol gefouert, woubäi dësen awer mëttlerweil nees bei Bewosstsi war.
Wärend dem Asaz war déi riets Spuer vun der Autobunn gespaart, wouduerch et Richtung franséisch Grenz zeréckgestaut hat.
Op der Plaz waren d'Pompjeeë vun Diddeleng a Beetebuerg, grad ewéi d'Ambulanz vun Diddeleng.