An Zäite vum CoronavirusEch si schwanger - an elo?

Pierre Weimerskirch
D'Gesondheetskeess iwwerhëlt vun elo un Teleconsultatioune vun Hiewanen. An och an de Spideeler goufen et verschidden Upassungen un di nei Situatioun.
Mesurë fir schwanger Fraen
D'Gesondheetskeess iwwerhëlt vun elo un Teleconsultatioune vun Hiewanen. An och an de Spideeler goufen et verschidden Upassungen un di nei Situatioun.

Esou ginn et an de Maternitéë uechtert Land elo speziell Salle d'Accouchement fir positiv geteste Fraen. Et géif drëms goen dës vun deenen aneren ze trennen, esou den Dr. Pit Duschinger, President vun de Lëtzebuerger Gynekologen.

De Gesondheetssystem gëtt op d' Prouf gestallt. Nieft der Coronakris musse vill aner Servicer garantéiert bleiwen.

Weder déi Schwanger Fraen, nach d'Fötussen gehéieren zu de Risikopatienten, esou d'Weltgesondheetsorganisatioun.

De Besuch ass den Ament an de Spideeler op e Minimum reduzéiert. Och fir Gebuerten gëllen dës Oplagen.

Wann een nees Doheem ass kann ee weider Ënnerstëtzung kréien vu liberalen Hiewanen, esou d' Nadine BARTHEL, Presidentin Associatioun Lëtzebuerger Hiewanen.

Weider Detailer fënnt um ënnert anerem Internetsite vun der Associatioun vun de Lëtzebuerger Hiewanen.

Back to Top
CIM LOGO