
Zanter November 2021 steet den Edinjo Pulti op der Lëscht vun de meescht-gesichte Verbriecher an Europa. Den Albaner soll am August 2020 bei enger brutaler Ausernanersetzung bei der Maartplaz zu Péiteng, zwee Männer mat engem Messer blesséiert hunn, een dovunner uerg. E gëtt wéinst versichtem Mord gesicht.
Europäeschen Haftbefeel géint den Edinjo PultiWéi d’Lëtzebuerger Wort um Méindeg schreift, wier de Mann virun zwou Wochen am Nordweste vun Albanien festgeholl ginn, allerdéngs no kuerzer Zäit nees op fräie Fouss komm, well keen Ausliwwerungsofkommes mat Lëtzebuerg géif bestoen.
