Zu MäerzegEe Blesséierte bei Accident tëscht Auto a Camionnette

RTL Lëtzebuerg
E Méindegnomëtteg waren d'Secouriste wéinst engem Accident zu Mäerzeg am Asaz.

Géint 14:55 Auer krute sech hei an der Rue de Colmar-Berg en Auto an eng Camionnette ze paken. Eng Persoun gouf blesséiert. Op der Plaz waren d'Pompjeeë vu Mäerzeg an d'Ambulancieren aus der Nordstad.

Géint 13:30 Auer war iwwerdeems e Motocyclist um Sennengerbierg gefall. Hei waren d'Pompjeeë vu Mensder an Nidderaanwen, grad ewéi d'Ambulancieren an de Samusdokter aus der Stad am Asaz. Wéi d'Police duerno gemellt huet, ass de Motosfuerer bei dësem Accident ëm d'Liewe komm.

Back to Top
CIM LOGO