CR353Ee Blesséierte bei Accident tëscht Weller a Branebuerg

RTL Lëtzebuerg
En Dënschdeg de Moien tëscht 8 an 8.30 Auer koum et um CR353 zu engem Accident tëscht Weller a Branebuerg.
© Domingos Oliveira

En Automobilist hat d'Kontroll iwwer säi Won verluer an ass eng 20 Meter déif erofgefall an huet sech dobäi iwwerschloen. De Chauffer gouf beim Accident blesséiert, de Samu vun Ettelbréck war op der Plaz. D'Strooss war komplett fir den Trafic gespaart.

Back to Top
CIM LOGO