En Dënschdeg den Owend um 17:28 Auer koum et zu Bieles zu engem Accident, méi genee zu enger Kollisioun tëscht engem Moto an engem Auto. Eng Persoun gouf beim Virfall blesséiert. Op der Plaz waren d’Rettungsekippe vun Esch a vun Déifferdeng.