
Als Argument fir d’Ofschafe vun de Bezierker gëtt dacks ugefouert, dass de Choix vum Wieler an deem Fall net op d’Kandidaten, déi a sengem Bezierk untrieden, limitéiert wier. Ausserdeem géifen an esou engem System manner Stëmme verluer goen.
D’Géigner vun engem eenzege Walbezierk ginn allerdéngs ze bedenken, dass an esou engem System de Risiko besteet, dass net méi d’Interesse vun alleguer de Regioune vum Land an der Chamber vertruede wieren.
D’Positioune vun de Parteien
Fir erauszefannen, wéi d’Parteien zur Iddi vun engem eenzege Walbezierk stinn, hate mir hinne folgend Fro geschéckt:Solle Walbezierker ofgeschaaft an duerch ee grousse Walbezierk ersat ginn?
Fir d’Aféiere vun engem eenzele Walbezierk: LSAP, Déi Gréng, Déi Lénk, Piraten, Fokus, Volt, KPL, Déi Konservativ
Fir d’Bäibehale vun deene 4 Walbezierker: DP, CSV, ADR
Krautmaart amplaz Clairefontainesplaz: Firwat wiele mir e Parlament a keng Regierung?
De Wielerwëllen: Muss d’Partei mat de meeschte Sëtz an der Regierung vertruede sinn?
Neien Input oder op Erfarung setzen? Sollen d’Mandatsperiode fir Ministere limitéiert ginn?Cumul vu Muecht oder Representatioun vu lokalen Interessen? Sinn d’Duebelmandater nach zäitgeméiss?
Lokal Representatioun op nationalem Niveau: Géif eng zweet Parlamentskummer zu Lëtzebuerg Sënn maachen?