CGDISEe Motocyclist an ee Foussgänger op eise Stroosse blesséiert

RTL Lëtzebuerg
Den 112 mëllt zwee Accidenter tëscht Samschdegowend a Sonndeg de Moien.
© CGDIS

Ëm 17.30 Auer ass zu Schandel an der Viichternerstrooss e Motocyclist blesséiert ginn. Hie war mat sengem Moto gefall. Géint kuerz viru 4.30 Auer an der Nuecht ass zu Conter an der Rue Edmond Reuter eng Persoun vun engem Auto ugestouss a verwonnt ginn. Secouristen aus der Stad a vu Mutfert waren op der Plaz.

Wéi de CGDIS weider mellt, hat et e Sonndeg géint 14.20 Auer nach an enger Garage zu Hollerech gedämpt. Kengem ass eppes geschitt.

Back to Top
CIM LOGO