Nationalen Aktiounsplang fir d’BiolandwirtschaftEe Prozent méi Bio-Fläche pro Joer

Diana Hoffmann
Aktuell ginn 10 Prozent vun de Landwirtschafts-Flächen hei am Land fir Bio-Landwirtschaft genotzt .
© Diana Hoffmann

Pan Bio 2030 - E Reportage vum Diana Hoffmann

Mam nationalen Aktiounsplang bis 2030 soll d’Biolandwirtschaft geziilt gestäerkt ginn, seet d’Landwirtschaftsministesch Martine Hansen. Dofir solle Baueren dovun iwwerzeegt ginn, op d’Biolandwirtschaft ëmzestellen oder mat enger Deel-Ëmstellung unzefänken.

2025 goufen et 253 Biobetriber am Land, wat der 95 méi sinn, wéi nach 2020. 58 Betriber waren deen Ament an der Deel-Ëmstellung, wat der 46 méi si wéi nach am Joer 2020. “Do gesäit een, dass d’Deel-Ëmstellung eréischt an deene leschte Jore méi gegraff huet an och villäicht méi promouvéiert ginn ass”, sou d’Ministesch. Dës Augmentatioun an der Offer vu Bio-Produiten erkläert ee sech ënner anerem doduerch, dass Restopolis geziilt op bio-regional a regional Liewensmëttel sëtzt. Awer och well de Leguminosen-Ubau geziilt gefërdert gi wier. Also Kicherierbesse, Lënsen a Bounen, déi méi vum Konsument géinge gefrot ginn, mee där et net genuch zu Lëtzebuerg gouf.

Am neien Aktiounsplang hätt ee sech dës Kéier e kloert a realistesch Zil gesat. “Mir wëlle gär ee Prozent Steigerung vun der Fläch pro Joer hunn, sou dass mer 15 Prozent 2030 géifen areechen”, seet d’Martine Hansen. Wéi dat soll gepackt ginn, gouf mat enger Analys iwwert d’Wertschöpfungskette gekuckt. Et géing nämlech net just duergoen, néi Produiten ze produzéieren. Zum Deel misste se nämlech och nach weiderveraarbecht ginn, wéi de Konsument se gären hätt, an och d’Vermaartung hannendru misst deemno klappen.

Dës Kéier sëtzt een dofir am PAN-Bio 2030 ënner anerem op Demonstratiounsbetriber, fir sech mat de Baueren iwwer verschidde Moyenen auszetauschen. “Dass mer verschidden Iddie fixen, déi nach an de Käpp sinn, lues a lues ofgebaut kréien an doduerch och méi eng grouss Akzeptanz kréien”, ënnersträicht d’Monique Faber vun der ASTA. Wann den Ofsaz do wier an d’Bauere sécher wieren, hier Produite lasszeginn, da kéimen och méi Ëmstellungen. Divers Etüde sollen dann och hëllefen, fir erauszefannen op wéi eng Bio-Produiten ee soll sëtzen. An da gëtt och un der Kommunikatioun geschafft, dass d’Konsumente wëssen, wéi eng Bio-Produiten se wou fannen.

D’Zil vum leschte Pan-Bio 2025 war bis Enn vun dësem Joer op 20 Prozent vun der landwirtschaftlecher Notzfläch bio ze hunn. Aktuell läit ee bei 10 Prozent. “Mee do hu mir am Fong direkt gesot, dass dat wierklech absolut utopesch wär, well mer waren deemools op 4 Prozent vun der Fläch”, seet Monique Faber. 16 Prozent a 5 Joer an d’Luucht ze goen, wier net dra gewiescht. Dëst géing dru leien, dass een hei am Land déi meescht Betriber Mëllech produzéieren. De Bio-Mëllech-Maart wier awer e schwieregen, erkläert d’Ministesch. D’Nofro fir Bio-Mëllech wier net onbedéngt do, an de Präis vun der Mëllech géing d’Méikäschten net hierginn. Aus deem Grond wier et wichteg, d’Deel-Ëmstellung méi ze fërderen, dass déi Betriber mat engem anere Produktiounszweig ëmstellen, fir méi Bio ze kréien.

Duerch de leschte Bio-Aktiounsplang hätt een awer trotzdeem 91 Prozent méi Biolandwirtschaftsfläch kritt. Vu 6.429 Hektar goung et vun 2020 bis Enn 2025 op 12.264 Hektar erop. Bei de Veraarbechtungsbetriber wéi Bäcker a Metzler, de Commerçanten an den Importateure gouf et eng Steigerung vun 172 op 217 Ubidder.

Fir de leschte PAN-Bio stounge 5 Milliounen Euro fir 6 Joer zur Verfügung. Lo sti 5,7 Millioune fir 5 Joer bereet. Dobäi kéim awer nach alles, wat Bio Primme sinn.

Déi komplett Presentatioun vum "PAN BIO 2030" als Pdf

Back to Top
CIM LOGO