Coronavirus zu LëtzebuergEe Stierffall, vun 1.728 PCR-Tester waren der 435 positiv

RTL Lëtzebuerg
D'Santé deelt mat, datt d'Zuel vun de Leit, déi un de Suitte vum Coronavirus gestuerwe sinn, op 1.129 geklommen ass.
© RTL

Aktuell sinn 12 Persounen hospitaliséiert, ee Patient läit op der Intensivstatioun.

Am Ganze goufe bis ewell 1.290.651 Impfdosisse genotzt. De Groussdeel vun den aktuellen Impfunge si Boosteren: 284 waren ergänzend Dosen, wärend et bei 4 Persounen déi zweet Dosis war a bei enger déi éischt.

D’Reproduktiounszuel läit bei 1,36. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.

D’Statistike vun der Santé am Iwwerbléck

Back to Top
CIM LOGO