PolicebulletinEen Accident mat engem Vëlo an e Chauffeur, deen ze vill gedronk hat

RTL Lëtzebuerg
E Mëttwoch koum et zu enger Rëtsch Virfäll op eise Stroossen. E Vëlo krut en Auto ze paken an een Automobilist huet de Führerschäi missten ofginn.
© Police

Zu Hollerech bei der Kräizung vum Boulevard Grand-Duchesse Charlotte an der Avenue Guillaume huet een Automobilist ee Vëlo iwwersinn a wéi hien op der Kräizung d'Kéier wollt huelen, krut de Vëlo d'Bäifuerersäit ze paken. D'Persoun um Vëlo ass wéinst Verletzungen um Gesiicht an d'Klinik gefouert ginn.

Zu Tënten an der Rue de la Fontaine gouf een Auto géint 01.15 Auer gemellt, well dësen opfälleg gefuer ass. Wéi d'Police dem Auto entgéint gefuer koum, ass dësen trotz Kontroll weidergefuer. D'Police ass dem Auto nogefuer, woubäi dëse méi dacks iwwert den Trottoire gefuer ass. D'Police konnt den Auto stoppen an d'Fuererin gouf kontrolléiert. Et souzen 2 Kanner am Auto an d'Beamten hunn ee staarken Alkoholgeroch wouergeholl. D'Automobilistin huet sech geweigert een Alkoholtest ze maachen, esou wéi eng Bluttprouf. De Führerschäi gouf op der Plaz ofgeholl an et gouf ee Protokoll erstallt.

Bei enger Verkéierskontroll an der Côte d'Eich zu Lëtzebuerg war ee Chauffeur mat 91 Km/h ënnerwee. An der Rue d'Echternach konnt den Auto immobiliséiert ginn. Bei der Kontroll koum de Beamten en Alkoholgeroch aus dem Auto entgéint an si hunn Unzeeche vun Drogekonsum festgestallt. D'Resultat vum Alkoholtest war ënnert dem gesetzleche Minimalwäert, mä den Drogeschnelltest war positiv op Cannabis. Den Auto gouf immobiliséiert an de Chauffeur gouf protokolléiert.

Back to Top
CIM LOGO