National Parkinson-EtüdÉischt Resultater konnten erziilt ginn

Lynn Cruchten
Tëscht 1.000 an 1.200 Mënschen zu Lëtzebuerg hu Parkinson. Iwwer d'Krankheet, bei där d'Nervenzellen lues a lues ofstierwen, stinn nach vill Froen op.
National Parkinson-Etüd
Tëscht 1.000 an 1.200 Mënschen zu Lëtzebuerg hu Parkinson. Iwwer d'Krankheet, bei där d'Nervenzellen lues a lues ofstierwen, stinn nach vill Froen op.

Am Fréijoer 2015 gouf dofir zu Lëtzebuerg eng grouss Etüd ronderëm d’Nervekrankheet lancéiert, bei där honnerte Patienten, awer och gesond Mënsche matmaachen. Esou ginn Date gesammelt, déi hëllefen, Parkinson besser ze verstoen an hoffentlech och eng Kéier ze heelen. 4 Joer nom Optakt vun der Etüd hunn d’Fuerscher och scho Resultater virleien.

De Roger Schweicher weess zënter bal 5 Joer, dass hie Parkinson huet an zënterhier hëlt hien och un der Etüd zu Lëtzebuerg deel. Eemol am Joer kritt hien dofir vun der Ekipp vun der Parkinson-Klinik en Check-Up gemaach. Et ass eng chronesch Krankheet, déi sech ëmmer weider entwéckelt an dofir wier et wichteg, ze kucken, wéi sech d'Krankheet bei deenen eenzele Leit entwéckelt, fir dann och deementspriechend kënnen anzegräifen.

Bei der Kontroll am Kader vun der Parkinson-Etüd mussen d’Leit engersäits hiren Zoustand beschreiwen, se gi vun engem Dokter ënnersicht an op verschidde Fäegkeete getest.

Well de Roger Schweicher duerch d’Krankheet ugefaangen huet ze zidderen, fält him net all Examen esou einfach, besonnesch wann et ëm d’Feinmotorik geet.

Männer si méi dacks vu Parkinson betraff ewéi Fraen an an der Reegel trëtt d’Krankheet eréischt nom 60. Liewensjoer an, et ginn awer natierlech och méi jonk Patienten. Zu Lëtzebuerg geet een dovun aus, datt 1.000 bis 1.200 Leit d’Krankheet hunn. 800 Betraffener participéieren un der nationaler Parkinson-Etüd, grad wéi 800 entspriechend gesond Kontroll-Persounen, déi eben als Pendant zu de Patiente gesicht goufen. An opgrond vun all deenen hiren Daten a Prouwen aus de leschte 4 Jore konnte schonn éischt Resultater erziilt ginn. Sou goufen et beispillsweis Erkenntnisser betreffend Daarmbakterien am Stull. Do géif et nämlech eng Ongläichheet ginn an et wier een elo am Kontakt mat enger amerikanescher Firma, fir sech eng entspriechend Strategie auszedenken.

Och wann d’Zil vun 1.600 Participante fir d’Parkinson-Etüd zu Lëtzebuerg bis Enn vun dësem Joer erreecht gouf, gi weider Leit gesicht. Well wat méi Mënschen d’Fuerscher ënnerstëtzen, wat d’Chance méi grouss ass, dass fir déi verschidde Parkinson-Ënnergruppe speziell diagnostesch Weeër kënne fonnt ginn.

Back to Top
CIM LOGO