ChômageÉischt Unzeeche fir eng manner favorabel Evolutioun um Aarbechtsmarché

RTL Lëtzebuerg
De Chômage geet bëssen erop. Enn Oktober ware 14.669 Leit bei der ADEM ageschriwwen, 536 Persounen - respektiv 3,8% - méi ewéi de Mount virdrun.

Och déi nei Inscriptioune sinn ëm 13 Prozent eropgaangen. De Chômagetaux bleift awer bei 4,9 Prozent. Am Joresverglach sichen iwwerdeems manner Leit no enger Aarbecht. Am Oktober goufen 3.284 fräi Poste bei der ADEM deklaréiert, 16 Prozent manner wéi am Oktober 2021. Betraff sinn d’Constructioun, den Horeca-Beräich an och d’Interimairen.

© ADEM

PDF: Chiffres clés vum Oktober

Back to Top
CIM LOGO