De Projet “Wunne mat der Wooltz” soll aus ganzer 7 Quartiere bestoen, déi no an no gebaut solle ginn. Enner dem Konzept “liewen, wunnen, schaffen” sollen awer och ënner anerem eng Primärschoul, eng Sportshal ewéi och Büroen, Commercen a Restauranten entstoen.
De Projet “Wunne mat der Wooltz” gëtt elo schonn zënter ganzer 13 Joer geplangt. Dëst hätt domat ze dinn, dass hei fréier een industrielle Site war. Vun dësem Site gesäit een zwar net méi vill, mee wat bleift, wier ee Buedem, deen nach op verschiddene Plaze verknascht wier. Dëse Problem misst ee fir d’éischt behiewen, esou de Jacques Vandivinit, den Direkter vum Fonds du Logement.
“Déi éischt Phas ass et een Assainissement ze maachen, dat heescht déi Terraine propper maachen, do gëtt en Deel ausgegruewen, dat gëtt dann de-polluéiert, fir dass herno Leit kënnen dohinner wunne kommen, wéi bei alle Friche ginn et Plazen, déi méi polluéiert waren, déi ginn dann anescht zou gemaach, do kommen da keng Logementer hin mee z.B. ee Parking.”
An engem éischte Schrëtt si fir d’Aarbechten iwwer 260 Milliounen Euro virgesinn, mëttelfristeg kéinten d’Käschten dann op awer eng hallef Milliard Euro klammen. De Logementsminister Henri Kox betount d’Wichtegkeet fir méi an den ëffentlechen abordabele Wunnengsraum ze investéieren.
“Dofir sinn ech ganz houfreg doriwwer, dobäi gewiescht ze si bei deem Spuedestéch, well déi Wunnenge brauche mer, déi sinn am resilientesten, dat heescht do brauch dee Client, deen heihinner wunne kënnt manner ze bezuelen, wéi dat um Privatmarché lo de Fall ass.”
Iwwerdeems sollen sech déi nei Quartiere selwer versuerge kënnen, dëst mat Hëllef aus enger Kombinatioun aus Solarenergie a Wärmepompelen. D’Aarbechte fir d’Primärschoul, déi hei direkt nieft d’Wëlzer Gare komme soll, si schonn amgaangen. Am spéide Summer nächst Joer soll d’Schoul dann och schonn opgoen.