Fir d'Elteren ass mam Doud vun hirem Bouf eng Welt zesummegebrach. 3 Joer duerno waarde si ëmmer nach op Äntwerte säitens dem Parquet.
Zanter dem Doud vum Enzo vergeet keen Dag, wou d'Elteren net un hiert eelste Kand denken. Virun allem Feierdeeg oder de Gebuertsdag vun hirem Bouf wäre ganz schwéier ze erdroen, sou d'Elteren.
Den 11. Februar 2017 moies um 8 Auer ass den Enzo an der Kannerklinik gestuerwen. Mat grad emol 4 Joer. Bei eng akut Gastro-Entérite koum eng generaliséiert, bakteriell Infektioun dobäi. De klenge Jong vum Patrizia a Roman ass deshydratéiert.
Tragesch um Doud vum klengen Enzo war de Fait, datt d'Kand mat Bauchwéi an d'Urgence vum Escher Spidol ageliwwert gouf, dunn nees heemgeschéckt gouf, fir dunn an d'Kannerklinik ze kommen, wou d'Kand verscheet ass.
Nëmmen e puer Deeg nom Doud vum Enzo hat de Parquet eng Enquête lancéiert. Hei waarden d'Eltere bis haut op Äntwerten.