FedilEmbargo op russesche Gas concernéiert déi ganz Gesellschaft

Pierre Jans
U sech ass d'Demande no Lëtzebuerger Industrieproduiten do. D'Entreprisë kéinte vill verkafen, ma se kréien d'Matière-premièren net erbäi.
Embargo op russesche Gas concernéiert déi ganz Gesellschaft
U sech ass d’Demande no Lëtzebuerger Industrieproduiten do. D’Entreprisë kéinte vill verkafen, ma se kréien d’Matière-premièren net erbäi.

Fir d’éischt Pandemie, elo de Krich an der Ukrain. Et ass eng Zäit, an där d’Industrie viru groussen Erausfuerderunge steet. Bei der Lëtzebuerger Industrielle-Federatioun preparéiert ee sech op fundamental Changementer.

Sanktioune géint Russland dinn net nëmmen der russescher Wirtschaft wéi. Direkt oder iwwer Ëmweeër importéiert d’Industrie zu Lëtzebuerg wichteg Réistoffer aus Russland, déi elo net erbäi kommen.

Wéi stinn déi Industriell zu de Sanktiounen?

„Dat ass net un eis, déi Decisiounen ze huelen. Wann d’Politik déi entscheet huet, hu mir se matgedroen. D’Roll, déi mir hunn, ass ze kucken an ze erklären, wat d’Konsequenze sinn”, sou de René Winkin, Direkter vun der Fedil.

Explikatiounen, déi net einfach sinn. D’Zesummenhäng si komplex. An der Theorie kéint de Secteur zu Lëtzebuerg e kompletten Importstopp vu russeschem Gas a Pëtrol ënnerstëtzen. Déi däitsch Industrie wär awer grav getraff, a vun där hänkt alt nees déi Lëtzebuerger of.

„Mir wëssen, dass wa Gas feelt, d’Industrie als éischt vum Gas erofgeholl gëtt. Dat sinn Industrien, déi Produite maachen, déi am Ufank vum ganze Prozess stinn: Stol, Glas, synthetesch Stoffer. Et muss een dovun ausgoen, dass da vill Secteuren net méi lafen.”

An d’Präisser, fir déi Produiten déi nach op de Marché kommen, géifen explodéieren.

D’Konsequenze vun engem Importstopp vu russeschem Pëtrol wären nach virauszegesinn: héich Präisser op der Pompel. Mä en Embargo op Gas ass der Fedil no eng Fro, déi déi ganz Gesellschaft concernéiert. Generell misst de Gasverbrauch erofgoen, seet d’Industrielle-Federatioun, déi mam Tripartite-Accord averstane ass, och wann déi grouss Froen net gestallt goufen.

„Méi hätt een nach misse kucken, wat strukturell geännert hätt kënne ginn. Wa mir déi Penurien nach no vir projezéieren, da kann ee jo net soen, dass een de Leit einfach Sue gëtt, fir dass se wéi bis elo kafen. Wann et feelt, da feelt et”, erkläert de Fedil-Direkter René Winkin.

Manner ofhängeg gi vun Importer wär d’Zil. Deemno wär den Interêt bei den Acteuren aus der Industrie un der Dekarboniséierung dem René Winkin no grouss.

Back to Top
CIM LOGO