Verknaschte FlëssËmwelt-Kommissioun mécht de Point, Etüde mussen nach ofgewaart ginn

Pit Everling
Fanny Kinsch
Et misste Léieren aus de Virfäll mat der Uelzecht an der Chiers gezu ginn, seet d'Ministesch a plädéiert fir eng systemesch Approche.
Verknaschte Flëss
Et missten op alle Fall Léieren aus dëse Virfäll gezu ginn, seet d'Ministesch a plädéiert fir eng systemesch Approche.

Bei engem technesche Problem an enger Beggener Kläranlag lafe grouss Quantitéiten Ofwaasser an d'Uelzecht. Op enger aner Plaz gëtt de selwechte Floss verknascht, wéinst engem Tëschefall op engem Chantier bei Beetebuerg. E Groussbrand op der Gadderscheier an dat villt Läschwaasser haten als Suite eng Pollutioun vun der Chiers. All déi Incidente waren zejoert.

D'Carole Dieschbourg en Donneschdeg an der Chamber

An der parlamentaresche Kommissiounen Ëmwelt an Interieur gouf en Donneschdeg de Point gemaach.

Fir all d'Fäll goufen Arrêtéë gemaach, mat op der enger Säit urgente Mesuren, déi geholl goufen an op där aner Säit detailléierten Etüden a Rapporten. Ma déi lescht genannte wieren nach net ganz fäerdeg, sou d'Ëmweltministesch Carole Dieschbourg en Donneschdeg de Mëtteg um Krautmaart.

Et missten op alle Fall Léieren aus dëse Virfäll gezu ginn, seet d'Ministesch a plädéiert fir eng systemesch Approche. An den Aktivitéitszone soll kontrolléiert ginn, ob bei de Retentiouns-Basengen alles an der Rei ass. D'Responsabilitéite solle besser gekläert ginn. Et muss och genuch Läschwaasser do sinn. D'Kommunikatioun tëscht allen Acteure soll iwwerkuckt an iwwerschafft ginn.

D'Kontroll-Unitéit vum Waasserwirtschaftsamt soll nach méi Moyene kréien, wat d'Kontrollen an och d'Sanktiounen ugeet. Wann d'Analysen all ofgeschloss si missten natierlech och d'Scholdfroe gekläert ginn, sou déi gréng Ministesch.

Bis d'Flëss sech erholl hunn dierft et op alle Fall nach laang daueren. D'CSV, déi d'Kommissioun en Donneschdeg gefrot hat, bedauert iwwerdeems, datt d'Rapporten nach net fäerdeg sinn an datt net méi iwwer den ökologeschen Zoustand vun Uelzecht a Kuer gewuer ze gi war.

D’Sportfëscher-Federatioun huet wéinst den Tëschefäll am Summer an am Hierscht decidéiert, eng Ëmweltsektioun op d’Been ze stellen, déi dem Waasserwirtschaftsamt systematesch soll mellen, wa Pollutiounen opfalen.

"Mir als FLPS, mir hunn och an eise leschte Sëtzunge beschloss, eng Ëmweltsektioun op d'Been ze stellen, mir wëllen net als reng Sportfëscher gëllen, mir sinn eng unerkannten Ëmweltschutzorganisatioun a mir wëllen och an deem Rôle mat agebonne ginn a mir sinn och bereet, eise Part do ze iwwerhuelen.", esou de Claude Strotz vun der Sportfëscher-Federatioun.

Kläranlagen an der Chamberkommissioun / Pit Everling

Back to Top
CIM LOGO