Rebellioun géint PolizistenEn alkoholiséierte Chauffer wollt zu Schengen virun der Police flüchten

RTL Lëtzebuerg
Zu Schengen wollt en alkoholiséierte Chauffer virun der Police flüchten. Dobäi huet hien e Policewon beschiedegt.
© Laurent Weber

An der Nuecht op e Méindeg ass enger Policepatrull zu Schengen en Auto opgefall. Dëse stoung ausgangs der Uertschaft bei der Strooss a Richtung Biermereng. Nieft dem Won stoung eng Fra. Wéi dës d’Beamte gesinn huet, huet si hinne matgedeelt, dass de Chauffer vum Auto hir géintiwwer gewalttäteg gi wier. Wéi d’Beamten doropshi bei de Chauffer wollte goen, ass dëse fortgefuer, dobäi ass hien och an de Policeauto gerannt, deen dobäi staark beschiedegt gouf.

Wéi d’Beamten de Mann schliisslech gestoppt kruten, huet sech erausgestallt, dass hien alkoholiséiert war. Ausserdeem hat hie wärend senger Flucht en Accident an der Wäistrooss verursaacht. Et gouf e Protokoll geschriwwen.

Iwwerdeems mellt d’Police zwee weider Fäll vun Alkohol um Steier, zu deenen et e Sonndeg komm ass. Eng Kéier war e Chauffer op der Escher A4 wéinst sengem onséchere Fuerstil opgefall. Eng Patrull vun der Police huet de Mann ugehalen a kontrolléiert. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi gouf agezunn. Da krut d’Police nach en alkoholiséierte Camionschauffer op enger Tankstell zu Rëmersche gemellt. Dëse war fir d’éischt an eng Pompel an duerno an e Gruef gefuer. Eng Patrull konnt de Chauffer kuerz nom Tëschefall untreffen. Hien huet däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum gewisen. Et gouf e provisorescht Fuerverbuet geschwat.

Back to Top
CIM LOGO