IONSCAN 600 zu SchraassegEn Apparat, fir géint den Trafic vun Drogen am Prisong ze kämpfen

Annick Goerens
An Rheinland-Pfalz ass de Pilotprojet mam IONSCAN 600 iwwregens e Succès an de Prisongen.
© youtube

Droge sinn nach ëmmer nach e grousse Problem am Prisong. All Woch géif een Transporter vun Droge feststellen, och a grousse Quantitéiten. Dat sot den Direkter vun der Prisongsverwaltung Serge Legil nach am Februar an eiser Emissioun Background am Gespréich.
Fir géint d'Presenz an den Trafic vun Drogen zu Schraasseg ze kämpfen, gouf haut dofir den IONSCAN 600, e mobillen Apparat fir souguer déi klengst Trace Drogen ze detektéiere, zu Schraasseg demonstréiert a getest. Et ass de Wittlecher Prisong de Lëtzebuerg dësen Apparat fir eng kleng Test-Zäit zur Verfügung stellt, sou steet et de Mëtteg an engem Communiqué vun der Regierung.

Hei een Extrait vum Serge Legil am Background mam Annick Goerens

De Serge Legil am Background

Serge Legil: „Mir schaffen elo mat Rheinland-Pfalz, mat der JVA, dem Prisong vu Wittlech zesummen. Déi hunn een Dispositif fir Cannabinoiden ze fannen a virun allem synthetesch Cannabinoiden, déi et mëttlerweil relativ vill  an de Prisonge ginn. Mir schaffen elo mat hinnen zesumme fir proufweis mol, déi éischt 6 Méin den Dispositif ze teste bei eis zu Schraasseg an zu Givenich. A wann dee fir eis gutt ass, da kafe mir en och an. An dann hunn mer een decke Meilestee gemaach wat synthetesch Cannabinoiden an aner Drogen ubelaangt.“

Annick Goerens: „A wei fonctionéiert den Dispositif?“

Serge Legil: „Mat engem Frottis. T'ass bësse wéi wann dir um Fluchhafe sidd. Do hutt der vläicht schonn sou kleng Apparate gesi stoen, wou se mat sou engem Stéck Pabeier driwwer fueren an dat dann do dra stiechen. Hei ass genau dat selwecht. De reagéiert op Spuere vun Drogen. En reagéiert natierlech nëmmen op déi Drogen déi en programméiert kritt huet a mir kriten eisen däitsche Kolleegen hir Datebank mat, wat natierlech e flotte Cadeau wier.“

An Rheinland-Pfalz ass de Pilotprojet mam IONSCAN 600 iwwregens e Succès. Wann dës Kollaboratioun mam Wittlecher Prisong och hei zu Lëtzebuerg seng Friichten dréit, da kéint dësen Dispositif also och fir de Grand-Duché bestallt a kaaft ginn.

Back to Top
CIM LOGO