Tëscht Jonglënster a RoudemerEn Dënschdeg de Moie koum et zu enger Frontalkollisioun tëscht 2 Autoen

RTL Lëtzebuerg
Wéinst dem Accident, deen um 8.47 Auer geschitt ass, huet d'Streck musse komplett fir den Trafic gespaart ginn. Zwou Persoune goufe blesséiert.
© Domingos Oliveira / RTL

Wéi de CGDIS am Bulletin mellt, war och nach en drëtten Auto an den Accident involvéiert.

Am Asaz waren d’Pompjeeë vu Jonglënster, grad ewéi d’Ambulanzen aus der Fiels a vu Jonglënster.

D’Streck ass no 11 Auer nees fir den Trafic opgaangen.

Back to Top
CIM LOGO