
Bis Enn Oktober hunn 1.124 Persounen zu Lëtzebuerg internationale Schutz ugefrot. Am Joresverglach ass dat e Véierel manner. Eleng am Oktober goufen 126 Demande registréiert, e Minus vun 31,5 vun 31,5 Prozent par Rapport zum Oktober zejoert.
Déi meescht Demandeure kommen aus Syrien an Eritrea. Zanter Ufank vum Joer kruten 379 Persounen de Flüchtlingsstatut accordéiert. A 502 Fäll gouf den internationale Schutz refuséiert.
114 Asyldemandeuren hunn d'Land am Kader vun engem Retour verlooss, dovunner 83 fräiwëlleg an 31 gezwongen. D'Zuel vun de forcéierte Retioure louch domat ëm ronn 41 Prozent méi héich wéi lescht Joer an der selwechter Period.
Och d'Demandë fir temporäre Schutz sinn ëm gutt 11 Prozent zeréckgaangen. Vun de 747 Demandeure waren der 721 aus der Ukrain.