Police sicht no ZeienEn Donneschdeg gouf eng Bijouterie zu Esch iwwerfall

RTL Lëtzebuerg
Zu Esch an der Uelzecht-Strooss gouf et um 12.05 Auer en arméierten Iwwerfall.
© Domingos Oliveira / RTL

De presuméierten Täter ass dono a Richtung Rue Zénon Bernard fortgelaf, an déi direkt Sich, déi d’Police dono lancéiert huet, huet näischt erginn. De Parquet huet och d’Kriminalpolice mat den Ermëttlunge beoptraagt.

Täterbeschreiwung:

Gesicht gëtt no engem 30 bis 40 Joer ale Mann mat heller Haut. Hien ass tëscht 1m80 an 1m85 grouss a korpulent. Hien huet e gréissere Bauch, en éischter ronnt Gesiicht, brong Aen an eng Hallef-Glatz mat kuerzen Hoer op der Säit vum Kapp. Hien hat eng rout Wanterjackett an eng blo Jeansbox un. Ausserdeem hat hien eng grouss, rout Plastikstut bei sech.

© Police / RTL Grafik

Wien Informatiounen iwwert de Mann huet, ass gebieden, sech um 113 ze mellen, oder dem Policebüro vun Esch ënnert der Nummer 244 50 1000 a per Mail un police.esch@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO