Neien offiziellen TemperaturrekordEn Donneschdeg waren et 40,8 Grad zu Steesel

RTL Lëtzebuerg
Wéi de Gouvernement matdeelt, gouf en Donneschdeg 25. Juli en neien offizielle Rekord bei der Dagesmaximaltemperatur gemooss, dat zu Steesel.
Hëtzt zu Lëtzebuerg: Keen neien Temperaturrekord
Um Mëttwoch gouf et Temperature vun iwwer 40 Grad, mat de Rekord vun 2003 konnt net geknackt ginn.

No der Auswäertung vu sengen 32 Wiederstatiounen am Land, huet de staatleche Wiederdéngscht AgriMeteo festgehalen, dass déi zu Steesel gemoosse 40,8 Grad déi héchst Temperatur ass, déi et zanter dem Ufank vun den Opzeechnungen am Joer 1838 zu Lëtzebuerg goufen.

Schreiwes vum Gouvernenemt

40,8°C: Neuer offizieller Temperaturrekord in Luxemburg (26.07.2019)
Communiqué par: Ministère de l'Agriculture, de la Viticulture et du Développement rural

Mit 40,8°C wurde am gestrigen 25. Juli 2019 in Luxemburg ein neuer offizieller Rekord der Tagesmaximaltemperatur in Steinsel gemessen.

Nach Auswertung seiner 32 Wetterstationen im Land hat der staatliche Wetterdienst AgriMeteo (der Administration des Services Techniques de l'Agriculture ‒ Ministère de l'Agriculture, Viticulture et du Développement rural unterstellt) festgehalten, dass dies die höchste Temperatur ist, die seit Beginn der Wetteraufzeichungen im Jahre 1838 in Luxemburg gemessen wurde.

Der bisherige offizielle Rekord stammte vom 8. August 2003, an welchem Tag an der AgriMeteo Station in Remich ein Maximalwert von 40.5°C aufgezeichnet wurde. Dieser Wert wurde gestern am 25. Juli 2019 sowohl in Steinsel als auch in Remich (40.6°C) übertroffen.

Rekord och um Findel

Och um Donneschdeg war et nees waarm dobaussen an den absoluten Temperaturrekord zu Lëtzebuerg gouf geknackt. Um Findel gouf mat 39 Grad déi héchste jee gemoossen Temperatur hei am Land registréiert. Déi offiziell Moossungen um Findel gi bis an d'Joer 1947 zeréck. De Rekord louch bis ewell bei 37,9 Grad an dat war am Joer 2003. Den 11. August 1996 ware 36,6 Grad um Findel gemooss ginn.

  1. 25/07/2019 : 39.0 °C
  2. 08/08/2003 : 37.9 °C
  3. 12/08/2003 : 37.9 °C
  4. 24/07/2019 : 37.7 °C
  5. 09/08/2003 : 37.2 °C
  6. 11/08/1998 : 36.6 °C

Nodeems Meteolux fir déi lescht zwee Deeg eng Alerte Rouge erausginn hat, gëllt um Freideg nach just eng Alerte Orange, mat Temperaturen tëscht 32 a 35 Grad. Déi gëllt vun 12 bis 21 Auer. Betraff ass dat ganzt Land. Laanscht d'Musel an am Zentrum vum Land kënnen et och iwwer 36 Grad ginn.

Am Laf vum spéiden Nomëtteg a géint der Owend kënnen d'Wolleken och méi déck ginn a vereenzelt kann et zu Schaueren oder Donnerwiedere kommen.

D'Direction de la santé hat e Mëttwoch d'Alerte rouge declenchéiert. Déi gëllt nach bis e Freideg. Et gëtt gerode vill ze drénken, op d'mannst 1,5 Liter den Dag. Besonnesch eeler Persoune, Kanner a Leit mat gesondheetlech Problemer muss gutt oppassen.

Wéinst deenen extremen Temperaturen huet d'Regierung een Appell un d'Populatioun gemaach, verstänneg mam Drénkwaasser ëmzegoen. Et sollt ee kee Waasser verbëtzen a virun allem och kee Waasser aus Flëss oder Baachen ofpompelen. Et hätt een nämlech een Niveau erreecht, dee fir Flora a Fauna kritesch ass. Sou soll d'Netze vu Gréngflächen, d'Wäsche vun Autoen oder och d'Opfëlle vu Schwämmen op ee Minimum reduzéiert ginn.

Auswierkungen op Planzen an Déieren

An der Musel-Regioun louchen d'Temperaturen en Donneschdeg zum Deel iwwer 40 Grad Celsius. De Pierre Weimerskirch huet bei engem Wënzer nogefrot, wéi d'Riewen dës héich Temperature verdroen a war och am Naturmusée fir ze froen, wéi d'Déieren- an d'Planzewelt sech un esou Konditioune kann upassen.

Héich Temperaturen: Auswierkungen op Planzen an Déieren
De Pierre Weimerskirch war um Donneschdeg op der Musel an am Naturmusée.

Tempo 90 op den Autobunnen

Duerch déi héich Temperature sinn och d'Ozonwäerter geklommen. Wéi den ACL matdeelt, gouf e Mëttwoch géint 13.15 Auer op allen Autobunnen d'Vitess op 90 km/h reduzéiert.

Ozonwäerter iwwerschratt

Ozonkonzentratioun an der Loft huet d'Mark vun 180 μg/m3 iwwerschratt. Zu Biekerech louch se souguer um 12 Auer um Mëttwoch de Mëtteg bei 193 μg/m3.

Dëst bedeit e Risk fir d'Gesondheet, grad vu verschiddene Gruppen an der Populatioun. Esou sollen eeler Leit, Kanner a Leit mat Otem- oder Häerzproblemer aktuell evitéieren, fir tëscht 12:00 a 24:00 Auer dobaussen sech physesch unzestrengen. An engem Gebai ass de Risiko net esou héich, well hei de Wäert meeschtens just ëm d'Hallschent läit.

PDF: Ozonwäerter iwwerschratt. Richtlinnen a Virschléi

Back to Top
CIM LOGO