Virun 120 Joer fänkt d’Entwécklung vum Plateau Bourbon un. De bekannten däitschen Urbanist Josef Stübben kritt den Optrag, de Quartier tëscht der Uewerstad an der Gare Centrale ze entwerfen. Gréisstendeels gëtt sech u seng Propose gehalen, an awer fënnt een op sengem Plang Elementer, déi net ëmgesat goufen. Um Rousegäertchen, wou dat fréiert ARBED-Gebai steet, war eigentlech en nationale Musée geplangt.
D’Entrée vum Musée wär an der neier Avenue gewiescht, seet den Historiker Robert L. Philippart. Dem Musée seng schéinste Säit, mat enger graduéierter Fassade, sollt zu Stad gedréint sinn. Datt esou e Musée soll an engem neie Quartier gebaut ginn, gefält net jiddwerengem. De Projet gëtt fale gelooss.
1917 plangt de Staatsarchitekt Sosthène Weis e Palais de Justice op där Plaz. Ma och dës Iddi gëtt vun de Stater Geschäftsleit ferm kritiséiert. Si fäerten ëm hiert Akommes, wann d’Magistratur aus der Uewerstad fortgeet, esou den Historiker Robert L. Philippart.
Vum Musée, respektiv dem Justizgebai aus, hätt ee sollen op eng Kierch gesinn, déi am Weste vum Plateau geplangt war. Dësen Deel vum Quartier huet deemools nach zur autonomer Gemeng Hollerech gehéiert. 30 Joer gëtt iwwert dëse Projet diskutéiert, ma um Enn ass näischt draus ginn.
De Plan-Stübben fannt Dir am Detail op www.luxatlas.lu.
Geplangt, ma ni gebaut (2): Eng Kathedral fir de Glacis? Geplangt, ma ni gebaut (3): Arkaden an eng Maarthal fir de Knuedler? Geplangt, ma ni gebaut (4): E Musée an eng Bibliothéik um Piquet? Geplangt, ma ni gebaut (5): E Mausoleum um Plateau Almënster? Geplangt, ma ni gebaut (6): Eng Europäesch Enklav um Kierchbierg?Geplangt, ma ni gebaut (7): D’Nazi-Pläng fir Lëtzebuerg