Geplangt, ma ni gebaut (2)Eng Kathedral fir de Glacis?

RTL Lëtzebuerg
An der Serie "Geplangt, ma ni gebaut" kucke mir eis un, wéi d'Land hätt kënnen ausgesinn.
Geplangt, ma ni gebaut (2) - Lampertsbierg
An der Serie “Geplangt, ma ni gebaut” kucke mir eis un, wéi d’Land hätt kënnen ausgesinn.

Virun 120 Joer wär de Glacis bal zum reliéisen Zentrum vu Lëtzebuerg ginn. Am zweeten Deel vun eiser Serie iwwert Projeten, déi geplangt awer net realiséiert goufen, kucke mir eis haut de Lampertsbierg méi genee un.

1903 beschäftegt d’Lëtzebuerger - a virop d’Lampertsbierger - eng Fro. Soll um Glacis eng nei Kathedral gebaut ginn? Deen ënnerstëtzt dës Iddi, déi néi Kathedral soll esouguer déi al ersetzen. D’Awunner vum Lampertsbierger Quartier stinn hanner dësem Projet. Si bekloe sech nämlech, datt de Wee bis an d’Sonndesmass hinnen ze wäit ass. An enger Petitioun fuerderen si, datt um Glacis eng Kathedral soll gebaut ginn. D’Stater Gemeng ass éischter géint de Projet. Wéi dunn d’Lampertsbierger Kierch gebaut gëtt, déi haut nach do steet, ass d’Iddi vun enger Kathedral um Päerdsmaart definitiv vum Dësch.

E puer Joer drop goufen et um Glacis och Pläng fir eng Pompjeeskasär an e Policekommissariat. Um éischte Stack war eng “Kinderverwahrschule” also eng Crèche geplangt, hannenaus war en Deel vum Gebai fir Toilettë reservéiert. Um Enn ass just d’Toilettenhaische gebaut ginn.

Fir d’Entwécklung vum Quartier hat d’Gemeng den däitschen Urbanist Josef Stübben engagéiert. 1901 an 1921 huet hie Pläng fir de Lampertsbierg ausgeschafft. Am Stübben-Plang waren zwou Brécke virgesinn. Eng sollt de Lampertsbierg mat der Areler Strooss verbannen, dat op der héicht vum Stadion. Eng zweet Bréck sollt hannert dem Meederchers-Lycée erauskommen. Eng vun den Haaptcharakteristike vum Stübben-Plang war e Boulevard Panoramique, dee komplett ronderëm de Lampertsbierg sollt goen.

Dem Staat an der Gemeng hunn deemools nëmme ganz wéineg Parzellen um Lampertsbierg gehéiert, soen d’Lampertsbierger Geschichtsfrënn. De Gros vun den Terraine waren a privater Hand. Well dacks keng Eenegung konnt fonnt ginn, goufe vill Iddie vum Stübben-Plang net ëmgesat.

Déi aner Artikele vun der Serie fannt Dir hei

Geplangt, ma ni gebaut (1): En Nationalmusée um Rousegäertchen?Geplangt, ma ni gebaut (3): Arkaden an eng Maarthal fir de Knuedler? Geplangt, ma ni gebaut (4): E Musée an eng Bibliothéik um Piquet? Geplangt, ma ni gebaut (5): E Mausoleum um Plateau Almënster? Geplangt, ma ni gebaut (6): Eng Europäesch Enklav um Kierchbierg?Geplangt, ma ni gebaut (7): D’Nazi-Pläng fir Lëtzebuerg

PDF: PETITION KATHEDRALE (Archives VDL)

Back to Top
CIM LOGO