Fir d’Place Clairefontaine an och de Knuedler goufen et an der Vergaangenheet grouss Projeten, aus deenen awer näischt ginn ass.
Wéi 1903 déi nei Bréck opgeet, fillen d’Awunner an d’Geschäftsleit aus der Alstad sech benodeelegt. Den Oste vun der Uewerstad soll dowéinst besser un de Plateau Bourbon ugebonne ginn. An enger Petitioun gëtt gefuerdert, datt tëscht der Aler Bréck an der Theaterplaz eng direkt Verbindungsstrooss gebaut gëtt.
Gläichzäiteg ginn et och Pläng, fir en Hotel de Gouvernement ze bauen. De Projet gesäit vir, datt den neie Sëtz vun der Regierung un den Hotel St. Maximin soll ugebaut ginn. No laangem hin an hier an etleche Variante gëtt dunn awer näischt aus dësem Projet.
Vun der Place Clairefontaine eng honnert Meter eriwwer op de Knuedler.
Och fir dës Plaz ginn et Iddien a Pläng, déi ni ëmgesat goufen. 1837, nodeems d’Franziskaner-Klouschter op der Place Guillaume ofgerappt gouf, gëtt e Projet diskutéiert, fir de Knuedler mat Arkaden ze verschéineren. D’Arkade mat Butteker a Bistroe sollte ronderëm déi ganz Plaz goen. D’Geschäftsleit hu sech awer deemools géint déi Iddi gewiert.
1906 gëtt dann e Projet vun enger Maarthal presentéiert. D’Gebai sollt e 56 Meter héijen Tuerm kréien. Well eng Proprietärin hiren Terrain net verkafe wëll, kann de Projet net realiséiert ginn.
Geplangt, ma ni gebaut (1): En Nationalmusée um Rousegäertchen?Geplangt, ma ni gebaut (2): Eng Kathedral fir de Glacis?Geplangt, ma ni gebaut (4): E Musée an eng Bibliothéik um Piquet? Geplangt, ma ni gebaut (5): E Mausoleum um Plateau Almënster? Geplangt, ma ni gebaut (6): Eng Europäesch Enklav um Kierchbierg?Geplangt, ma ni gebaut (7): D’Nazi-Pläng fir Lëtzebuerg