Geplangt, ma ni gebaut (5)E Mausoleum um Plateau Almënster?

RTL Lëtzebuerg
An der Serie "Geplangt, ma ni gebaut" kucke mir eis un, wéi d'Land hätt kënnen ausgesinn.
Geplangt, ma ni gebaut (5) - Almënster
An der Serie “Geplangt, ma ni gebaut” kucke mir eis un, wéi d’Land hätt kënnen ausgesinn.

Fir deen éischte grousse Projet um Plateau Almënster muss een 150 Joer zréckgoen. Deemools hunn d’Awunner aus de Quartiere ronderëm eng Zuchgare gefuerdert. Do, wou haut d’Bréck ass, déi iwwert de Clausernerbierg geet, hätt den Arrêt solle gebaut ginn.

Um Plateau Almënster stoung bis an d'16. Joerhonnert en Benediktiner-Klouschter. De Jang de Blannen war hei begruewen. Des Tatsaach huet de Staatsarchitekt Charel Arendt 1870 inspiréiert, fir op deem Site en Mausoleum fir de Jang de Blannen ze plangen. Um Enn ass et just beim Plang bliwwen.

Duerno goufen et Projeten, fir en zoologesche Gaart op dësem Site - esouguer Tennisterraine waren am Gespréich.

Nodeems schonn op der Gare beim Rousegäertchen an um Piquet an der Uewerstad en nationale Musée geplangt waren, ginn et elo dann och Iwwerleeunge fir um Plateau Almënster esou en Projet ze realiséieren. Wéinst der Wirtschaftskris an den 20er Jore muss de Projet awer fale gelooss ginn.

Déi aner Artikele vun der Serie fannt dir hei

Geplangt, ma ni gebaut (1): En Nationalmusée um Rousegäertchen? Geplangt, ma ni gebaut (2): Eng Kathedral fir de Glacis? Geplangt, ma ni gebaut (3): Arkaden an eng Maarthal fir de Knuedler? Geplangt, ma ni gebaut (4): E Musée an eng Bibliothéik um Piquet? Geplangt, ma ni gebaut (6): Eng Europäesch Enklav um Kierchbierg?Geplangt, ma ni gebaut (7): D’Nazi-Pläng fir Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO