Déi meeschte Pläng an d’Zeechnunge vun den nationalsozialistesche Projete leien an den Archive vun der Stad Lëtzebuerg. Zum Beispill war um Eck vum Boulevard Royal an der Avenue Marie Thérèse, wou deemools de Pole Nord stoung, eng nei Gemeng geplangt.
Direkt niewendrun, do wou haut de Convict ass, haten d’Nationalsozialisten en Kulturforum geplangt, mat engem Theater, enger Bibliothéik an engem Kino. Fir den Historiker Stefan Heinz ass kloer, datt d’Nazien iwwert hir Architektur dem Land en däitsche Stempel wollten opdrécken.

Um Plateau vum Kierchbierg haten d’Nazien e ganz spezielle Projet virgesinn. Hei sollt e sougenannte Parteiforum oder och Kreisforum entstoen. Den däitschen Architekt Heinz Ritter, deen deemools fir de Projet responsabel war, huet eng etlech Pläng a Skizze vum Forum gezeechent. Am Mëttelpunkt vun dësem Projet stoung déi sougenannten “Feierhalle”.
D’Nationalsozialisten haten deemools och en komplett Verkéierskonzept fir d’Stad an d’Ëmgéigend ausgeschafft. Dëst Konzept huet Autobunnen an e Contournement virgesinn.
An well de Findel hinnen ze kleng war, hunn d’Nazien e neie Flughafe geplangt. Tëscht Haassel a Fëlschdref sollt op enger Surface vun 350 Hektar en neie Flughafen entstoen. Aus all dëse Pläng ass näischt ginn.
Geplangt, ma ni gebaut (1): En Nationalmusée um Rousegäertchen? Geplangt, ma ni gebaut (2): Eng Kathedral fir de Glacis? Geplangt, ma ni gebaut (3): Arkaden an eng Maarthal fir de Knuedler? Geplangt, ma ni gebaut (4): E Musée an eng Bibliothéik um Piquet? Geplangt, ma ni gebaut (5): E Mausoleum um Plateau Almënster? Geplangt, ma ni gebaut (6): Eng Europäesch Enklav um Kierchbierg?