Geplangt, ma ni gebaut (6)Eng Europäesch Enklav um Kierchbierg?

RTL Lëtzebuerg
An der Serie "Geplangt, ma ni gebaut" kucke mir eis un, wéi d'Land hätt kënnen ausgesinn.
Geplangt, ma ni gebaut (6) - Europa
An der Serie “Geplangt, ma ni gebaut” kucke mir eis un, wéi d’Land hätt kënnen ausgesinn.

An den Ufanksjoren waren déi Europäesch Institutiounen iwwert déi ganz Stad verdeelt. D’Beamte souzen deemools an 30 Gebaier. Wëll et onkamoud war, huet een no Léisunge gesicht, fir d’Institutiounen ze regroupéieren. Ugangs war do en europäescht Héichhaus um Verluerekascht am Gespréich.

Um Enn ass awer de Plateau Kierchbierg zréckbehale ginn. No den Expropriatiounen ugangs de 60er an dem Bau vun der Rouder Bréck war de Quartier prett fir déi europäesch Institutiounen. Et goufen eng ganz Rëtsch Pläng, wéi de Kierchbierger Plateau hätt sollen amenagéiert ginn. Zu de gréisste Projeten zielt wuel de Centre 300, oder de grousse Kueb wéi en och genannt gëtt. Wëll Lëtzebuerg awer keng Zousoe krut, datt d’Parlament sech definitiv am Grand-Duché géing néierloossen, ass de Projet fale gelooss ginn.

De Grand-Duché huet ëmmer alles dru gesat, fir déi Institutiounen, déi mir hunn, och ze behalen a fir neier unzezéien. Lëtzebuerg hat dat kloert Zil, fir europäesch Haaptstad ze ginn. Ugangs den 80er gouf vun der Regierung e Memoire ausgeschafft, fir aus dem Kierchbierg en europäeschen Distrikt ze maachen. Deen Ament hätt de Kierchbierg ënnert europäescher Verwaltung gestanen an en Deel vum Plateau wär exklusiv fir d’Institutioune reservéiert gewiescht.

E weidere Projet, deen ni realiséiert gouf an och a Verbindung mat den europäeschen Institutioune steet, sinn d’Tunnellen ënnert dem Glacis. Wéinst dem ville Verkéier hunn d’Beamte gefuerdert, datt de Rond-Point Schuman ënnerierdesch mat der Areler Strooss verbonne gëtt. Wéi dunn an den 90er de Contournement ronderëm d’Stad opgaangen ass an d’Tréierer A1 mat den aneren Autobunne verbonne gouf, ass d’Iddi vun den Tunnellen definitiv fale gelooss ginn.

De geplangte Centre 300, och nach
De geplangte Centre 300, och nach

Déi aner Artikele vun der Serie fannt dir hei

Geplangt, ma ni gebaut (1): En Nationalmusée um Rousegäertchen? Geplangt, ma ni gebaut (2): Eng Kathedral fir de Glacis? Geplangt, ma ni gebaut (3): Arkaden an eng Maarthal fir de Knuedler? Geplangt, ma ni gebaut (4): E Musée an eng Bibliothéik um Piquet? Geplangt, ma ni gebaut (5): E Mausoleum um Plateau Almënster? Geplangt, ma ni gebaut (7): D’Nazi-Pläng fir Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO