Wéi déi fréier Arsenal-Kasären tëscht der Aldringer- an der Beck-Strooss ugangs vum 20. Joerhonnert ofgerappt goufen, gouf laang driwwer diskutéiert, wat hei soll gebaut ginn.
E Gaart oder Casino sinn déi éischt Proposen, déi awer net zréckbehale ginn.
Méi konkret gëtt dunn de Projet vun enger Bibliothéik, respektiv engem Musée. Virop well et der Stad deemools un esou ëffentlechen Institutioune gefeelt huet. Fir d’Bibliothéik an de Musée um Piquet gi Pläng ausgeschafft. D’Iddi wär gewiescht, fir hei d’Kollektioun Pescatoren auszestellen.
Ma nach e weidere Projet ass deemools diskutéiert ginn, nämlech dee vun enger Bourse Commerciale.
De Stater Geschäftsverband wiert sech géint esou eng grouss Konkurrenz. An enger Petitioun fuerderen si, datt d’Gemeng dëse Projet soll fale loossen. D’Konzept vun engem Musée an enger Bibliothéik gëtt vun de Commerçanten dogéint begréisst. Um Enn gëtt näischt dovunner realiséiert. De Site gëtt an eenzel Parzellen ënnerdeelt, an un privat Leit verkaf, fir datt hei Geschäfter a Wunnenge kënnen entstoen.
Geplangt, ma ni gebaut (1): En Nationalmusée um Rousegäertchen? Geplangt, ma ni gebaut (2): Eng Kathedral fir de Glacis? Geplangt, ma ni gebaut (3): Arkaden an eng Maarthal fir de Knuedler? Geplangt, ma ni gebaut (4): E Musée an eng Bibliothéik um Piquet? Geplangt, ma ni gebaut (5) E Mausoleum um Plateau Almënster?Geplangt, ma ni gebaut (6): Eng Europäesch Enklav um Kierchbierg?Geplangt, ma ni gebaut (7): D’Nazi-Pläng fir Lëtzebuerg