Aktioun "Noël de la Rue"En Zesummesinn an enger familiärer Atmosphär fir Leit déi eleng sinn

Tim Morizet
Chrëschtdag ass en Dag, op deem an de meeschte Fäll zesummen an der Famill, oder vläicht ënner Kolleegen gefeiert gëtt. Dëst ass awer net fir jidderee sou.
Aktioun "Noël de la Rue"
Ronn 370 Leit waren dëst Joer zu Hollerech an Esch derbäi, wou Sie vun engen 80 Benevollen encadréiert goufen an och gekacht kruten.

Et gëtt awer nämlech och Leit, déi sinn d’Feierdeeg iwwer eleng. Fir deene Persounen eng Freed ze maachen, en Zesummesinn an enger familiärer Atmosphär ze erméiglechen, gëtt et schonns zanter mëttlerweil 41 Joer d’Aktioun „Noël de la Rue“.

Ronn 370 Leit waren dëst Joer zu Hollerech an Esch derbäi, wou Sie vun engen 80 Benevollen encadréiert goufen an och gekacht kruten. Et gouf och Kaddoen, wéi de Responsabele Léon Kraus RTL géigeniwwer sot.

Zanter Joren gëtt d’Iessen och mat Aktivitéiten ewéi Concerten, Bingo oder Konscht-Atelier verbonnen. D‘Zuel u Visiteure geet vu Joer zu Joer erop.

Back to Top
CIM LOGO