Um 8.45 AuerEng 150 europäesch Radiosender hu simultan d'Lidd "Give Peace a Chance" gespillt

RTL Lëtzebuerg
RTL Radio Lëtzebuerg, RTL Today Radio an RTL Gold hunn och bei dëser Aktioun matgemaach, als Zeeche géint de Krich an der Ukrain.

Eng 150 Radiosender aus Europa hunn um 7.45 Auer GMT, also 8.45 Auer alleguerte simultan d’Lidd “Give Peace a Chance gespillt, géint de Krich an der Ukrain. Dat hat d’Union européenne de radiodiffusion um Donneschdeg matgedeelt.

Dat bekannte Lidd vum John Lennon, gouf dann an iwwer 25 Länner ausgestraalt, dorënner och an der Ukrain.

LIVESTREAM RadioArtikel op 5minutes.rtl.lu

Back to Top
CIM LOGO