
Dat geet aus dem Bilan vun der Loterie Nationale ervir, deen en Dënschdeg publizéiert gouf.
2019 loung den Ëmsaz deemno bei eppes iwwer 111 Milliounen € - dat ass e Plus vun 6,6% géintiwwer dem Joer virdrun.
De Leit déi gewonnen hunn, goufen 61 Milliounen Euro ausbezuelt.
Eng 24 Milliounen goungen un d’Oeuvre Grande-Duchesse Charlotte, fir karitativ a sozial Zwecker ze finanzéieren.