CGDISEng ganz Partie Accidenter mat allkéiers engem Blesséierten

RTL Lëtzebuerg
E Méindeg tëscht 17.50 an 21.45 Auer koum et zu net manner wéi 7 Accidenter, bei deenen am Ganze sechs Leit blesséiert goufen.

Ënnert anerem sinn zu Luerenzweiler zwee Autoen anenee geknuppt, zu Diddeleng ass e Motocyclist gefall. Op der Stater Gare koumen zwee Busser net laanschteneen an um Roudenhaff zu Rodange ass en Auto am Gruef gelant, grad ewéi och tëscht Waarken a Bierden. Zu Bouneweg gouf et direkt 2 Accidenter, bei deenen 2 Autoen aneneegerannt sinn.

Back to Top
CIM LOGO