
D’Nopere vun engem Haus zu Rippeg sinn e Samschdeg duerch de Kaméidi op d’Dot opmierksam ginn, wou d’Täter duerch eng ageschloe Fënster an d’Haus klamme wollten. Wou si bemierkt hunn, datt si entdeckt gi sinn, hu sech d’Abriecher direkt duerch d’Bascht gemaach. D’Police huet sech op d’Sich gemaach, mee konnt déi Verantwortlech net fannen.
Och zu Mäerzeg gouf der Police e Samschdeg den Owend een Abroch gemellt. Onbekannter waren duerch eng opgebrache Kellerfënster an d’Haus era komm. Weider Abréch gouf et zu Bieles an um Houwald.
E Samschdeg am Nomëtteg goufen der Police direkt véier Iwwerfäll am Stadkär gemellt. Den Affer war dobäi onbemierkt de Portmonni oder den Handy aus der Boxentäsch oder dem Rucksak gezu ginn. Engem weideren Affer gouf den Handy an engem Café aus der Posch geklaut. Och zu Stroossen ass e Portmonni aus enger Posch verschwonnen. Ermëttlunge sinn an d’Weeër geleet ginn, wéi d’Police matdeelt.
Ee méi brutalen Iwwerfall gouf et géint 18 Auer an der Stad. Dräi jonk Leit waren Owes ënnerwee, wou si vun Onbekannten ugeschwat an no Zigarette gefrot goufen. Wou si “Nee” soten, goufen déi dräi festgehalen an et goufen hinnen eng Rei Wäertsaache geklaut. Een Affer gouf eng Rei Kéiere geschloen. Och hei huet d’Police Ermëttlungen opgeholl.