
Et gouf wuel kee Konzentratiounslager, an deem wärend der Zäit vum Nationalsozialismus méi Lëtzebuerger internéiert waren, wéi an deem vun Hinzert. Mëttlerweil huet een Deel vun deem Lager, nämlech eng Barack, als Ausstellungsstéck de Wee op Lëtzebuerg fonnt. Et ass dat virleefegt Enn vun enger laanger Odyssee.
Vun Hinzert iwwer Stengefort an d’Stad bis op Esch. Nom Zweete Weltkrich gouf d’KZ-Hinzert ofgerappt an Deeler vum Lager goufe verkaaft. Eng Barack ass vum 1. Mäerz un Deel vun der neier Dauerausstellung vum frësch renovéierte Musée national de la résistance et des droits humains Esch. An den 1950er Joer goufen Deeler vun der Prisongsbarack op Lëtzebuerg bruecht, fir se hei opzestellen, mä dozou ass et ni komm a se gouf 1953 un een Entrepreneur verkaaft. Mä e gudde Krack méi spéit gouf eng aner Barack entdeckt, wéi d’Elisabeth Hoffmann, déi als Historikerin am Escher Musée schafft, erkläert.
“1980 ass eng aner Hinzerter Barack opgetaucht an am Ufank ass geduecht ginn, dat wier d’Prisongsbarack. Mä et huet sech an den 90er erausgestallt, datt et einfach vun den Dimensiounen hier net déi Prisongsbarack konnt sinn. An dofir si se dervun ausgaangen, datt et warscheinlech eng Schreibstube war, also eng administrativ Barack, wou d’Prisonéier hu mussen zum Beispill d’Nummere vun de Prisonéier opschreiwen an déi administrativ Tâchen dokumentéieren.”
Ob et wierklech eng Schreibstube war, ass allerdéngs nach net definitiv gekläert. Gewosst ass awer, datt d’Barack an der Géigend vu Stengefort fonnt gouf. 1988 gouf se vum deemolege Kulturminister Robert Krieps, dee selwer zu Hinzert inhaftéiert war, als Monument national klasséiert. Ma de Projet war awer zimmlech ëmstridden.
“Dunn ass ebe gesot ginn, et ass warscheinlech eng Schreibstube an do ware vill Leit, déi sech dorunner gestouss hunn, well et eben eng administrativ Barack war, déi am SS-Lager war. Hinzert war an Zwee gedeelt, et gouf ee Lager fir d’Prisonéier an ee Lager, wou d’SS gewunnt huet a wou se hir administrativ Tâche gemaach huet a wou Prisonéier geschafft hunn. An dat huet natierlech eng manner grouss Symbolik wéi eng Prisongsbarack. An dunn huet ee ganz groussen Deel vun der Stengeforter Bevëlkerung manifestéiert a gesot: ‘mir wëlle keng SS-Barack’.”
Och de finanzielle Volet hätt eng Roll gespillt. Well se spéider lues a lues zerfall ass, gouf se ofgerappt an dono an engem Depot vu Sites et monuments ënnert enger Eisebunnsbréck tëschegelagert. Haut sinn an der Barack ënnert anerem Géigestänn ausgestallt, déi d’Prisonéier hiergestallt hunn, fir sech ofzelenken, dorënner ee Schachbriet.