Ze vill gedronkEng Partie Führerschäiner wéinst Alkohol um Steier agezunn

RTL Lëtzebuerg
Kuerz no Mëtternuecht e Samschdeg, hat e Chauffer an der Grand Rue zu Gréiwemaacher mat sengem Auto an 3 geparkten Autoen an e Blummebac touchéiert.

D’Beamte vun der Police hunn de Mann kuerz drop an engem Café lokaliséiert. Dëse war sichtlech alkoholiséiert, huet sech awer geweigert, en Alkoholtest ze maachen. Doropshi krut hien de Führerschäin ofgeholl.

Am Laf vun der Nuecht goufen nach zwee weider Permisen agezunn. Dat zu Bënzelt an um Waldhaff.

Iwwerdeems hat d’Police tëscht 23 Auer e Samschdeg den Owend an 3 Auer e Samschdeg de Moien op Uerder vum Parquet op 3 Plazen an der Stad Alkoholkontrolle gemaach. Dat an der Escher Strooss, um Boulevard Grande-Duchesse Charlotte an am Neiduerf. 150 Chauffeure goufe kontrolléiert. 7 Persounen hat ze vill gedronk. Ee Permis gouf agezunn.

Back to Top
CIM LOGO