
Aktuell sinn 43 Persounen hospitaliséiert, dovunner si 14 Patienten op der Intensivstatioun.
Am Ganze goufe bis ewell 847.387 Impf-Dosisse genotzt. 1.525 Leit sinn e Méindeg geimpft ginn. 418.624 Awunner gëllen als komplett geimpft.
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,09. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.