
Wéi d’Beamten dës doropshi kontrolléiere wollten, si si, trotz enger Opfuerderung stoen ze bleiwen, weidergaangen. Wéi d’Poliziste si schliisslech awer kontrolléiert hunn, goufe si dobäi vun enger drëtter, onbedeelegter Persoun gestéiert. Dës gouf wéinst Beamtebeleidegung protokolléiert.
Déi zwou verdächteg Persoune goufen du mat op de Policebüro geholl, fir hir Donnéeën ze iwwerpréiwen a fir duerchsicht ze ginn. Bei enger vun hinne goufen dobäi 14 Bulle mat Kokain fonnt. D’Persoun gouf op Uerder vum Parquet festgeholl a koum e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.