
Sechsmol war de Fürerschäi fort, zweemol blouf et bei Protokoll respektiv och Punkten. Eng vun de Persounen hat net nëmmen ze déif an d’Glas gekuckt ma och véier Schëlder ofmontéiert zu Stengefort, eng aner Persoun hat zu Ettelbréck stationéiert Gefierer beschiedegt.
Zu Gaasperech huet ee Chauffer en Accident mat Materialschued ausgeléist. An der Stad hat e Freideg den Owend géint 22 Auer eng Persoun bei engem Café randaléiert, si gouf mat op de Policebüro geholl. E Sonndeg de Moie fréi gouf zu Rëmerschen eng Persoun gepëtzt, déi am Gaange war Autoen express ze schréipsen.