
De CGDIS mellt zanter en Dënschdeg de Moien eng Partie Accidenter mat jeeweils engem Blesséierten.
Géint 7.10 Auer gouf et um Kierchbierg um Boulevard Konrad Adenauer eng Kollisioun tëscht 2 Autoen.
Um 11.30 Auer sinn um Boulevard Charles de Gaulle zu Esch/Uelzecht 3 Autoen net laanschtenee komm.
Zu Käerjeng an der Avenue de Luxembourg sinn an der Mëttesstonn e Motorrad an en Auto anenee geknuppt.
Zu Schëffleng an der Avenue de la Libération gouf kuerz viru 14 Auer eng Persoun ugestouss.
Um CR168 tëscht Bieles an Esch an um Kierchbierg um Boulevard Konrad Adenauer ass e Motocyclist gefall.
Da krute sech um Briddel an zu Dummeldeng am Nomëtteg zwee Ween ze paken.