AgrarkommissiounEng séier Decisioun fir d'Aidë fir d'Bauere gefuerdert

RTL Lëtzebuerg
Déi héich Energiepräisser, de Krich an der Ukrain an d'Suitte vum Coronavirus hunn en negativen Impakt op den Agrarsecteur.
© AFP

Bis weider finanziell Aidë fir d’Bauere kommen, muss sech nach op d’mannst bis Enn vum Mount gedëllege fir konkret Virschléi. Dat war eng vun de Conclusiounen aus der Agrarkommissioun, an där eng Analys vun de Produktiounskäschten an der Landwirtschaft presentéiert gouf, an zwou Motiounen, déi eng finanziell Ënnerstëtzung fir d’Bauere fuerderen, diskutéiert goufen. Energiekäschten, déi explodéieren, genausou wéi de Präis vum Stéckstoffdünger an dee vum Weess drécken op d’Produktiounskäschten.

Aus Russland an der Ukrain kommen eng 30 Prozent vun de Weess-Exporter weltwäit. D’Kärkummer Ukrain wier awer elo net méi operationell, seet den LSAP-Landwirtschaftsminister Claude Haagen. Genau sou gesäit et fir Russland aus, wou Stéckstoffdünger mat Gas-Energie produzéiert gëtt. Scho mat der Relance vun der Ekonomie nom Covid waren d’Energiepräisser héich, ma lo klamme se nach eng Kéier. Antëscht huet sech och Präis vum Stéckstoffdünger verdräifacht. “Natierlech gëtt reagéiert”, ënnersträicht de Claude Haagen. Verschidde Secteuren, déi et bräichten, misste subventionéiert ginn. Déi Aiden, déi ee wëll ginn, sollten awer och vun der EU-Kommissioun accordéiert an autoriséiert sinn. Lëtzebuerg wier jo net dat eenzegt Land, wat concernéiert ass, mä ganz Europa.

D’CSV-Deputéiert Martine Hansen fënnt, et wier verpasst ginn, fir séier genuch ze reagéieren. Déi héich Energiepräisser hätt ee jo net eréischt zanter gëschter. D’Regierung wéilt elo op d’EU-Kommissioun waarden, dobäi hätt een de Bauere scho laang kéinte Perspektive ginn. “Lëtzebuerg kéint eng onofhängeg Decisioun huelen”, seet d’Martine Hansen. D’Land Polen hätt genau dës Fro der Kommissioun gestallt an als Äntwert kritt, datt all Land kéint Direkthëllefe ginn. Dës misste just vun der EU-Kommissioun accordéiert ginn. Lëtzebuerg misst also an deem Fall net op den Accord vun der EU waarden, mä kéint och selwer scho Propose maachen. D’CSV-Deputéiert hofft, datt ee séier genuch erkennt, datt een déi eege Liewensmëttelproduktioun am Land an an Europa muss protegéieren.

D’Zäit fir de Baueren ze hëllefen, datt dat esou bleift gëtt awer knapp, fäert den ADR-Deputéierte Jeff Engelen. Nach virum Ufank vum Krich an der Ukrain hat hien zwou Motiounen eragereecht, an deenen d’ADR Aidë fir d’Bauere fuerdert. Viru véier Méint wier de Problem vun den héijen Energiepräisser schonn do gewiescht, a lo kéim och nach de Krich dobäi. “Dat ass eng bëlleg Ursaach, fir nees net zu enger Decisioun ze kommen”, mengt de Jeff Engelen. Mä d’Bauere bräichte Planungssécherheet, wëll si geschwënn mat hirer Aussaat ufänken.

De Minister Haagen sot dann nach, et wier kloer, datt e Problem do wier, deen ee misst an den nächsten 2 bis 3 Méint léisen. Mä et wier elo och net fir ze panikéieren. Den 8. Mäerz wäert déi europäesch Kommissioun e Rapport vun der Situatioun vun de Bauere liwweren. Dëse wäert da spéitstens den 21. Mäerz zu Bréissel diskutéiert ginn, ier een zu enger Decisioun wäert kommen.

Back to Top
CIM LOGO