
Aktuell si 90 Persounen hospitaliséiert, dovunner 36 op der Intensivstatioun.
Zu Lëtzebuerg ginn et den Ament 2.859 aktiv Infektiounen. 63.175 Persoune gëllen als geheelt.
813 Mënsche kruten en Dënschdeg hir 1. Dosis, fir 606 Leit war et déi 2. Dosis. Am Ganze goufe bis ewell 181.908 Dosisse gesprëtzt
Déi effektiv Reproduktiounszuel läit bei 1,04. Wann den Taux iwwert 1 läit, bedeit dat, datt eng Persoun, déi de Virus huet, am Duerchschnëtt méi wéi eng aner Persoun infizéiert.