
De Ministère ass Enn Juni un Elisabeth erugetrueden, fir eng weider Struktur fir Kanner tëscht 0 an 3 Joer opzemaachen, déi ouni hir Eltere mussen ënnerbruecht ginn. D’Demande wier zu engem Ament ganz séier an d’Luucht gaangen an et hätt ee missen een Heem opmaachen, esou den Direkter vun Elisabeth, Jacques Schloesser. Aktuell huet een zwee Heemer fir jeeweils 9 Kanner. D’Associatioun ass déi eenzeg, déi an dem Beräich zu Lëtzebuerg täteg ass.
Et wier een elo, wat d’Demande fir Bëbeeën a Strukturen ënnerzebréngen ugeet, nees um Stand vu virun 2 Joer, esou d’Direktesch vum Office national de l’enfance, Michèle Bressanutti.
“Elisabeth hat schonn ëmmer dräi Strukturen, eng dovu gouf virun 2 Joer fir méi grouss Kanner genotzt, dat well d’Better fir déi Klengsten eidel bliwwe sinn. Elo ass d’Demande fir Kanner am Alter vu 0-3 Joer nees an d’Luucht gaangen.”
Den Ament hätt een nach keng kloer Erklärung, wisou elo nees méi Kanner musse placéiert ginn, genee wéi een och keng definitiv hätt, wisou virun 2 Joer op eng Kéier manner Kanner placéiert goufen.
Et wier een awer iwwerrascht gewiescht, dass an esou kuerzer Zäit eng esou grouss Demande opkomm ass, dat sot den Direkter vun Elisabeth RTL. De Gros vun de Kanner, déi an esou Strukturen ënnerkommen, wiere vun engem Jugendriichter do placéiert ginn. Et géif och d’Méiglechkeet bestoen, dass Elteren d’Kanner fräiwëlleg ofginn, dat wier awer bei de Puppelcher ganz seelen, esou d’Direktesch vum ONE. Elo ugangs September soll déi nei Struktur opgoe fir weider 8 Kanner.

Kanner, déi net an engem Heem ënnerkommen, kënnen an eng Fleegefamill kommen oder bleiwen an der Maternité bis eng Plaz fräi gëtt, esou de Jacques Schloesser. D’Direktesch vum ONE sot RTL, dass den Ament 18 Kanner am Alter vun 0-3 Joer an engem Heem vun Elisabeth sinn a 17 Kanner an enger Fleegefamill placéiert goufen. Och wann d’Kanner vun hiren Elteren duerch esou Mesurë géife getrennt ginn, wier et ëmmer d’Zil, eng Reintegratioun an d’Famill ze erméiglechen.