Europäesche Mindestloun"Eng wichteg Avancée fir Europa", sou Georges Engel

RTL Lëtzebuerg
Den europäesche soziale Mindestloun war en Donneschdeg den éischte Punkt um Ordre du Jour um Conseil vun den europäeschen Aarbechts- a Sozialministeren.
© AFP Archiv

Georges Engel iwwer EU-Mindestloun

E ganz wichtege Sujet wéi de Lëtzebuerger Aarbechtsminister Georges Engel erkläert.

“Eng wierklech Avancée fir Europa. Europa gëtt dacks verkannt fir eng Unitéit ze sinn, wou et vill ëm Sue geet. Mir konnten haut awer wierklech e Meilestee setzen, andeems mer Europa méi sozial gemaach hunn an een europäesche Mindestloun hei konnte festhalen. Dat ass wierklech e ganz grousse Schratt an een Europa fir méi Soziales an een Europa méi ‘fir d’Leit’. An do sinn ech ganz houfreg, dass ech konnt dobäi sinn”.

D’EU-Parlament an och d’EU-Memberstaaten hunn also kee fixe Montant festgehalen, mee eenheetlech Standarden, fir Mindestléin uecht d’EU kënne festzeleeën.

Back to Top
CIM LOGO