Wéinst Entloossunge bei de FournisseurenEnkpäss bei der Liwwerung vu Medikamenter

Christophe Hochard
Corona, d'Gripp oder d'Bronchiolite bei de Kanner... d'Nofro no Medikamenter ass grouss, mä de Stock vun den Apdikten gëtt ëmmer méi kleng.
Enkpäss bei der Liwwerung vu Medikamenter
Zu Lëtzebuerg ginn d’Apdikte vun 3 Grossiste beliwwert. Déi kréien d’Medikamenter direkt aus de Laboratoiren.

Deemno kënnt et scho mol vir, datt een an den Apdikten net dat kritt, wat den Dokter verschriwwen huet. Ma dat ass net just hei am Land de Fall, mä och an eisen Nopeschlänner.

Zu Lëtzebuerg ginn d’Apdikte vun 3 Grossiste beliwwert. Déi kréien d’Medikamenter direkt aus de Laboratoiren. Trotzdeem hu si net ëmmer alles op Stock, wat gebraucht gëtt, wéi de Marco Cardoni erkläert, deen zanter méi wéi 30 Joer Apdikter zu Diddeleng ass.

Marco Cardoni iwwert Medikamenteliwwerung / Rep. Dany Rasqué

Wéinst der Pandemie huet et déi lescht 2 Joer méi lues gedréint. Mam Resultat, datt an de Laboe wuel Leit entlooss goufen, déi elo beim Hierstelle vu Medikamenter feelen, huet d’Danielle Becker-Bauer, Vizepresidentin vum Syndikat fir Apdikter, erkläert.

Danielle Becker-Bauer iwwer Produktioun / Rep. Dany Rasqué

Datt Pharmaindustrie hir Produktiounssitten zum Deel ausserhalb vun Europa huet, géif sech elo bemierkbar maachen. Dëst hätt sécherlech keng positiv Auswierkung op d’Apdikten.

Verschidde Medikamenter fänken zwar un an den Apdikten ze feelen, ma et bräicht ee sech - op d’mannst den Ament - awer keng Suergen ze maachen. D’Apdikter géifen individuell Léisunge fir d’Patiente sichen an de Leit entweder e Generique proposéieren oder Récksprooch mam Dokter huelen.

Vum Syndikat vun den Apdikter ass et nach den Opruff un d’Politik, fir ze kucken, och nees Produktiounssitten an Europa ze kréien.

Back to Top
CIM LOGO