
Och am September schaffen d'Deputéiert op, wat den deemolegen Defenseminister Etienne Schneider nach virun de Walen 2018 op Orbit gesat hat: de LuxeoSys-Programm, dee keng 170, mä 309 Milliounen Euro soll kaschten. Dës Augmentatioun vum Budget ass ënner anerem drop zeréckzeféieren, datt zwou Buedem-Antennen vum Satellit net kënnen um Härebierg installéiert ginn, mä vill méi zu Redu an der Belsch.
E Surplus vun 67 Milliounen ass doduerch entstanen, datt vill Elementer guer net am initialen Gesetzesprojet vum Etienne Schneider dra stoungen.
D'Budgetskontrollkommissioun vun der Chamber hëlt den Dossier weiderhi ganz eescht, dat nodeems jo ënner anerem den Ex-Minister Etienne Schneider och gehéiert gouf.
Zwee Rendez-vousen hunn d'Deputéiert fir weider Entretienen am September lo fixéiert: dëst engersäits mam Generol Alain Duchène an och de Responsabele vu LuxGovSat.
Bis November soll de Gesetzesprojet LuxeoSys an der Chamber gestëmmt gi sinn, fir datt de Lancement vum Satellit wéi geplangt kann geschéien.